Niet blij met je aankoop? Geeft niet! Bij ons kun je binnen 30 dagen retourneren
Met een cadeaubon zit je altijd goed. De ontvanger kan de cadeaubon voor alles uit ons assortiment inwisselen.
Retourneren binnen 30 dagen
De Wanter ass dat Joer immens kal. Fir sech ze wiermen, spillen d’Wichapi an déi aner Indianerkanner Fänkches mateneen. Ma et gëtt ëmmer méi kal an d’Sioux beschléissen, hir Zelter ofzebauen an sech a méi waarm Géigenden zeréckzezéien.D’Wichapi wëll awer nëmme matgoen, wann et senger beschter Frëndin Ursa, deem klenge Bieremeedchen, virdrun kann Äddi soen. Ma d’Ursa ass nach am Wanterschlof … Muss D’Wichapi bis d’Fréijoer bleiwen?Wichapi ass d’Geschicht vun der Frëndschaft tëschent engem Sioux-Meedchen an engem klenge Bier, vun hirer Trennung an der Hoffnung, sech enges Daags, mat Hëllef vun de Stären, erëmzegesinn.